Wéi fest een d'Hand gëtt, kann Infarktrisiko erkenne loossen

© AFP
Souwuel en Häerzinfarkt wéi och en Hireschlag kann een enger kanadescher Etude no feststellen, wann ee kuckt, wéi fest eng Persoun engem d'Hand gëtt.
Bei enger Persoun, déi engem schwaach d'Hand gëtt, ass de Risiko méi grouss, datt si duerch en Infarkt stierft oder dorënner leide muss.
Datt hu kanadesch Wëssenschaftler festgestallt, wéi si d'Date vun iwwer 140.000 Patienten am Alter tëscht 35 a 70 analyséiert hunn.
Fir et ze moossen hunn d'Leit enger Maschinne "d'Hand ginn", déi d'Kraaft a Kilogramm ëmgerechent huet. Fir all 5 Kilogramm, déi méi niddreg waren, ass de Risiko ëm 16 Prozent an d'Luucht gaangen, en Häerzinfarkt oder en Hireschlag ze maachen. Der Etude no ass dës Methode méi genau, wéi d'Moosse vum Bluttdrock.
Drëtt Faktoren awer, wéi Tubak, Alkohol, den Niveau vun der Bildung oder d'Aarbecht, hunn den Experten no op hir Etude keen Afloss gehat.
D'Fuerscher kënne sech awer net erklären wat d'Muskelkraaft am Aarm mat méiglechen Häerzproblemer soll hunn.