Flibanserin steet kuerz virun der Zouloossung an den USA

An den USA gëtt den Ament eng méiglech Zouloossung vu "Viagra fir Fraen" vun der Liewensmëttel- a Medikamentekonroll iwwerpréift.
E Gremium vun Experten huet sech d'Argumenter fir d'Zouloossung vum Medikament Flibanserin unhéieren. Bei Kontrollen an de Joren 2010 an 2013 war d'Loscht-Pëll duerchgefall. De Gremium huet en Donneschde säin Accord ginn, deem d'FDA (Food and Drug Administration) awer net muss nokommen.
Flibanserin war usech als Antidepressiva geduecht, dat de Spigel vum Serotonin (deen d'Loscht op Sex erofdréckt) senke soll. Donieft gëtt d'Konzentratioun vum Dopamin an Noradrenalin gehuewen, déi allebéid déi weiblech Libido stäerken. Niewewierkunge kéinten awer Middegkeet, nidderege Bluttdrock a Schwindel sinn.
D'Konzerner hoffe bei der Zouloossung op en ähnleche Succès wéi beim Viagra, dat 1998 op de Marché komm ass.