Moies eng gutt Taass Kaffi fir wakreg ze ginn. Eng nei Etude seet et bréngt guer näischt, besonnesch tëscht 8 an 9 Auer.

Dausende vu Mënsche weltwäit fänken hiren Dag net ouni eng Taass Kaffi un, sief et, well se hir Liewensgeeschter wëlle wakreg kréien oder einfach aus Gewunnecht. A genee dat ass falsch, behaapt elo den amerikaneschen Neurowëssenschaftler Steve Miller.

Hien huet a sengem Blog "NeuroscienceDC" geschriwwen, dass de Kaffi zu bestëmmten Dageszäiten iwwerhaapt näischt bréngt, mä souguer schiedlech ass. Wien zu enger ongënschteger Zäit Koffein zou sech hëlt, baut deen Ament ze séier eng héich Koffein-Toleranz op.

Schlofmutzen a Kaffi-Fans mussen elo ganz staark sinn!

Senger Etude no, läit déi ongënschteg Zäit tëscht 8 an 9 Auer moies. Dat selwecht gëllt och fir schwaarzen Téi oder Energygedrinks.

De Grond, firwat een zu där Auerzäit soll op säi Montermaacher verzichten, läit um mënschlechen Nuetsrythmus, deen zu engem groussen Deel regelt, ob mir immens wakreg oder éischter midd sinn. D'Kontroll iwwert dësen Gemittszoustand gëtt ënner anerem iwwert eist kierpereegent Hormon Cortisol geregelt.

Verschidden Etuden hunn och scho gewisen, dass d'Quantitéit Cortisol an eisem Kierper zu bestëmmten Dageszäiten besonnesch héich ass. Dat ass zum Beispill um 8 Auer moies de Fall: Eise Kierper signaliséiert eis domat, dass et Zäit ass fir Opzestoen. Konsuméiert een deen Ament zousätzlech nach en Opputschmëttel wéi Koffein, huet dat kee weideren Afloss drop nach méi wakreg ze ginn. Et hätt och éischter en negativen Nieweneffekt: Et gewinnt ee sech ze séier un héich Quantitéiten Koffein a brauch ëmmer méi dovun.