Neie Bikini warnt virun ze staarker Sonn

No der Zännbiischt oder de Sportschung, ass et och elo um Bikini, dee mam Handy connectéiert ka ginn.
Et gëtt näischt, wat et net gëtt a bis ewell kann ee scho seng Sportschung, Zännbiischt oder seng Auer mam Smartphone connectéieren. Firwat dann och net de Bikini?
De figurbetounten Zweedeeler krut e spezielle Sonnemiesser, dee virun ze staarker Sonn warnt. Iwwer Handy kritt een dann de Message, dass et Zäit ass, sech mat Sonnecrème anzereiwen.
D'Iddi koum der Designerin Marie Spinali enges Daags per Zoufall, nodeems si eng Persoun op der Plage gesinn huet, déi sech e fatzege Sonnebrand agefaang hat. A well et scho Planzendëppen ginn, déi uweisen wéini et Zäit ass fir ze nätzen, kéint een jo och eppes erfannen, dat engem signaliséiert, datt een schonn ze laang ongeschützt an der Sonn ass.

Mëtt Mee gouf d'Schwammgezei um Site Spinali Design lancéiert. Déi jonk Designerin hofft, dass si déi exklusiv Stécker "made in France" dëst Joer ganz séier verkaf kritt, déi et de Moment awer just fir Frae ginn.
Den héichwäertege Bikini, ëmmerhin kascht dat gutt Stéck 149€, gëtt op Mooss gemaach. Ee klenge schwaarze Capteur, deen mat an de Stoff verschafft an déi ultraviolett Strahlung miesst, schéckt e Message un de Smartphone oder d'Tablet vun der Besëtzerin. Am Virfeld goufe schonn den Hauttyp an de Bräunungsniveau an enger spezieller App preziséiert.