Duerch eng verpfuschte Beschneidung hat e Mann a Südafrika säi Penis verluer. Dokteren hunn him ee Spenderorgan transplantéiert, mat groussem Succès.

"E" fonktionnéiert. Dat ass d'Nouvelle op déi d'Chirurgen an Urologen zu Kapstadt en halleft Joer gewaart hunn. Am Dezember krut en 21 Joer ale Mann aus Südafrika nämlech en neien Penis.

D'Dokteren hunn e missen amputéieren, nodeems et no enger net professionell duerchgeféierter Beschneidung zu enger Infektioun komm ass. Dem deemools 18 Joer ale Mann sinn nëmmen e puer Zentimeter vu sengem Penis bliwwen.

Schonn am Mäerz hat et geheescht dat gutt Stéck wier gutt ugewuess an och funktiounsfäeg. Ziel war et, dass d'Organ bannent zwee Joer och nees produktiv ass. Dëst Zil wier jo dann emol erreecht. D'Frëndin vum jonke Mann huet matgedeelt, dass si am véierte Mount schwanger wier.

No dësem Succès plangen d'Dokteren weider Transplantatiounen, de Bedarf a Südafrika wier enorm. Bei traditionelle Beschneidungen kéim et ëmmer nees zu schlëmmen Infektiounen bis him zum Verloscht vum Organ. Eleng tëscht 2008 an 2013 sollen 486 Jongen a Männer un de Suitte vu Komplikatiounen gestuerwe sinn.