38.000 Mënsche fuerdere Verbuet fir Ouerréng bei Puppelcher

© Screenshot vun der Petitiounssäit 38degrees.org.uk
Sinn Ouerréng bei Puppelcher en harmlost Accessoire oder Kierperverletzung? Eng Petitioun ass elo fir e Verbuet vum Baby-Schmuck.
Eng englesch Petitioun fuerdert elo e Verbuet vun Ouerréng bei Bëbeeën. Et wier eng Form vu Mëssbrauch, sou d'Susan Ingram. Si huet Petitioun lancéiert a seet, datt de Kanner onnéideg Angscht a Péng zougemutt gëtt. D'Ouerréng hätten absolut keen Notzen.
Iwwer 38.000 Leit hunn dës Petitioun och schonn ënnerschriwwen, déi den englesche Familljeminister Edward Timpson dozou opfuerdert, e Mindestalter duerchzesetzen, wéini e Kand dierf Ouerlächer gestach kréien.
D'Petitioun selwer huet kontrovers Reaktiounen ausgeléist. Iwwerdeems déi eng d'Meenung vum Susan Ingram zu 100 Prozent ënnerstëtzen, halen Anerer et einfach fir lächerlech. Eng Géignerin schreift als Äntwert, dass d'Puppelcher a Südamerika nach am Spidol, soubal se op der Welt sinn, Ouerlächer vun enger Infirmière gemaach kréien. Keent vun deene Kanner hätt mental Problemer oder wier gestuerwen.
D'Supporter vun der Petitioun argumentéieren, datt déi Persoun, déi e Rank duerch e Kierperdeel vun engem Puppelchen stécht direkt misst verhaft a veruerteelt ginn.
Ouerréng fir kleng Meedercher sinn a ville kulturelle Kreesser eng Normalitéit a, wéi déi amerikanesch Akademie fir Pédiatrie matdeelt, gesondheetlech onbedenklech wann d'Ëmfeld steril ass.