Wéi bei der Whitehaven Airshow an England engem Parachutist säi Fallschierm net ganz opgeet, bréngt een aneren de Mann gesond a monter hannescht op d'Äerd.

Oder vill méi an d'Waasser, well do sinn déi 2 onfräiwëlleg Tandemsprénger um Enn gelant, ma dat war deen Ament zweetrangeg, well dee Fallschiermsprénger, deen deen aneren am Fluch opgefaangen a materofgeholl huet, him wuel d'Liewe gerett huet.

De Virfall ass e Freideg bei der Whitehaven Airshow geschitt - dat ass am Nordweste vun Englang, an der Grofschaft Cumbria.

No an no hunn ëmmer méi Medien d'Geschicht mat Happyend opgegraff ...

Bei engem Parachutist vun der britescher Arméi ass de Fallschierm net richteg opgaangen, een aneren huet en dunn an der Luucht opgefaangen, esou datt déi 2 du mat annerhallwem Fallschierm Richtung Äerd an an d'Waasser gefall sinn.

Op der Facebook-Säit vum Event gouf de Virfall antëscht confirméiert. Do stoung och, datt et den 2 Membere vun de "Red Devils" gutt geet - et wier deen éischte Problem mat engem Fallschierm zanter 25 Joer.

Op der soziale Medien ass de Virfall vill gekuckt a kommentéiert ginn.

De Malheur ass geschitt, dat gouf méi spéit bekannt, wéi déi 2 Parachutiste probéiert hunn, eng "Doppeldecker"-Figur ze fléien. Dobäi si si sech ze nokomm, ee Fallschierm ass net méi richteg opgaangen an hat keng Bremswierkung méi. Déi hat dunn nach just deen anere Fallschierm an deem säi Parachutist huet dunn decidéiert, allebéid erofzepilotéieren - an am Hafebaseng ze landen ...