Enk Boxe sinn eng Gefor fir d'Gesondheet

© AFP
Se si modern, maache schmuel Been a passe sou gutt wéi Jidderengem, d'Skinny Jeans oder och Jeggings. Ma elo koum eraus, déi enk Box ass ganz schlecht.
Neurologen an Autralien berichten elo vun enger Fra, déi hir Féiss net méi gespuert huet a schlëmm gefall ass. Hir Muskulatur géif sech opléisen a Schold drun sinn déi enk Jeansboxen!
Déi 35 Joer al Fra koum an d'Spidol well hir Wueden därmoosse geschwolle waren an obschonns hir Féiss waarm a gutt duerchblutt gewiescht wieren, hat si kee Gefill méi. Och d'Knéien hunn normal Reflexer gewisen, just d'Foussgelenker hätten op keng Tester reagéiert.
D'Patientin huet den Dokteren erkläert, datt si den Dag virdrun engem Kolleg gehollef hätt plënneren, och do war déi hauteng Box am Asaz. DAss si vill um Buedem souz an d'Box sech extrem onbequem ugefillt hätt, hätt net weider gestéiert, si hätt sech jo nach kënne bewegen. Eréischt wéi si u Heemwee gewiescht wier, wieren hir d'Féiss ageschlof. Si wier dunn och gefall an net méi vun eleng opkomm. Et hätt och e puer Stonnen gedauert, bis ee si fonnt hätt.
D'Fra gouf schlussendlech aus der Box erausgeschnidden a krut fir 4 Deeg e Baxter wéinst Verdacht op Rhabdomyolyse, an anere Wieder, d'Muskulatur an de Been hätt ugefaang sech opzeléisen.
De Fall gouf elo am "British Medical Journal" publizéiert. Do heescht et zwar och, dass d'Skinny Jeans nees aus der Moud kommen, an awer di vill Fraen déi enk Boxen gären a vill un.
Beim Skinny-Jeans-Syndrom ginn deemno d'Nerven am ieweschten Deel vun der Wued blockéiert. Duerch Drock vun der enker Box während dem Setzen sinn d'Been ugeschwollen an d'Muskelen ginn zesummegepresst, wat nach méi Drock op d'Nerven ausléist. D'Dokteren schwätzen hei vun enger neier neurologescher Komplikatioun, reng verursaacht duerch eng Moud.