Temperaturen bis 40 Grad, iwwerfëllte Schwämmen, d'Klimaanlagen sinn ausverkaf - de Summer weist sech den Ament vu senger beschter Säit.

Dëser Deeg ass d'Sonn mat Virsiicht ze genéissen. Net nëmmen, datt een seng Haut domat schiedegt, de Kierper kann bei Temperaturen vu bis zu 40 Grad immens séier iwwerhëtzen.

Egal ob jonk oder al, héich Temperaturen sinn ëmmer eng Belaaschtung fir de Kierper, zemools fir d'Leit a Mëtteleuropa, déi d'Hëtzt u sech net gewinnt sinn. De Kierper muss während enger Hëtzeperiod immens vill schaffen: e produzéiert méi Schweess fir eise Kierper ze killen an d'Temperatur niddereg ze halen.

Dat funktionéiert awer nëmmen bis zu engem bestëmmte Grad. Bleiwe mir ze laang an der Sonn oder strengen eis nieft der Hëtzt nach zousätzlech un, gëtt eise Regulatiounsmechanismus iwwerlaascht. D'Suitte sinn e Sonnestach, Hëtzschlag an Dehydratatioun.

Wat ass e Sonnestach?

Anescht wéi beim Hëtzschlag, deen de komplette Kierper betrëfft, bezitt sech de Sonnestach nëmmen op de Kapp. D'Erklärung ass ganz einfach: Schéngt d'Sonn ze laang op eise Kapp an d'Genéck, gëtt d'Hirnhaut ze waarm. Well dës Haut immens sensibel ass, gëtt si irritéiert a schwëllt, mat deels heftege Symptomer.

Wéi mécht de Sonnestach sech bemierkbar?

Et fillt een sech immens onroueg, et huet een e roude Kapp, Kappwéi an et muss ee sech iwwerginn. Donieft kann een och d'Genéck steif oder wéi hunn.

Fir sécher ze sinn, moosst een am beschte seng Kierpertemperatur mat engem Thermometer, well se bei engem Sonnestach an der Regel net méi héich ass. Well sech hannert de Symptomer och eng Entzündung vun den Hirnhaut verstoppe kann, sollt een awer virsiichteg bleiwen. Ginn d'Symptomer méi schlëmm oder et verléiert een d'Bewosstsinn, am beschten den 112 ruffen.

Séier Hëllef bei engem Sonnestach ass d'Ofkille vum Kapp a Genéck mat fiichten Dicher.

RTL

Eng gutt Erfrëschung: kal duschen

Hëtzschlag a Sonnestach: E groussen Ënnerscheed

Am Alldag beschreiwe béid Begrëffer dacks dat selwecht. En Hëtzschlag ass awer vill méi geféierlech wéi de méi heefege Sonnestach. Ausléiser fir den Hëtzschlag ass net seelen kierperlech Ustrengung bei héijen Temperaturen.

De wichtegsten Ënnerscheed zum Sonnestach ass d'Verännerung vun der Kierpertemperatur. Anescht wéi beim Sonnestach, bei deem d'Temperatur gläich bleift, erhéicht si sech beim Hëtzschlag op 40 Grad a méi - e liewensgeféierlechen Zoustand.

Wéi kënnt et zum Hëtzschlag?

Bei Hëtzt muss de Kierper mat sengem Temperatur-Regulatiounssystem d'Kierpertemperatur duerch Schweesse konstant op 37 Grad halen. Wann ee genuch gedronk huet a sech net ustrengt, klappt dat och. Versot awer d'Reguléiere vun der Temperatur, hält de Kierper op ze schweessen: Et bilt sech e sougenannte Wärmestau.

En Hëtzschlag ass ëmmer en Noutfall!

Éischt Unzeechen sollt een am beschten direkt erkenne kënnen: Gliddeg an dréchen Haut ouni Schweess, e schnelle Bols an eng Kierpertemperatur iwwer 40 Grad. Dacks sinn déi Concernéiert och vu sech.

Elo heescht et den 112 ruffen!

Et heescht awer och direkt éischt Hëllef ze leeschten: dee Betraffenen direkt mat fiichten Dicher ofkillen. Huet deejéinegen sech iwwerginn, ass eng stabil Säitelag bis den Dokter kënnt onëmgänglech.

RTL

Vill drénken ass wichteg!

Wichteg Tipps fir waarm Deeg

Eise Kierper besteet am Duerchschnëtt zu 70% aus Waasser - net genuch fir op vill drénke bei waarmen Temperaturen ze verzichten. Et gëtt do och e Richtwäert, deen een sech mierke sollt: op mannst 30 bis 40 Milliliter Waasser pro kg Kierpergewiicht pro Dag drénken. Dat sinn 2,5 Liter fir en 75 kg schwéiere Mënsch. Nëmme bei Mënsche mat enger Nieren- oder Häerzkrankheet, kann  dës Quantitéit méi niddereg ausfalen.