Fluchhafe vu Roum
600.000 gefälschte Kondomer konfiskéiert

Déi italienesch Police huet um internationale Fluchhafe vu Roum 600.000 gefälschte Kondomer aus China konfiskéiert, déi net richteg steriliséiert waren.
Donieft sinn an de Kapëttercher och Chemikalië fonnt ginn, déi geféierlech fir d'Gesondheet kënne sinn. Si waren esou verpaakt, datt ee se liicht mat de Produkter vun de grousse Marquen hätt kënne verwiesselen.
Am meeschte gelies