Esou behaalt Dir an all Situatioun Är Rou

Aarbecht, Famill, Frënn, Stot,... ganz dacks hunn eis Deeg net genuch Stonne fir alles z'erleedege wat um Plang steet...
Eng positiv Astellung
Wee vill ze dinn huet, seet gär "ech sinn am Stress" an domat léist een onbewosst wierklech Stress aus. An dobäi gëtt et fir de Kierper an och fir d'Gehier e groussen Ënnerscheed tëscht "vill ze dinn hunn" an "am Stress sinn".
Wee sech ëmmer nees selwer drun erënnert wat en nach alles muss erleedegen, suergt dofir datt d'Gehier méi Stress-Hormoner produzéiert. Amplaz "ech muss nach akafen a wäschen", kann een och "ech wëll nach akafen a wäschen" soen. Ee klengt Wuert léisst d'Aufgaben direkt vill manner schlëmm a méi liicht wierken.
Schluss mam Multitasking
Kachen a gläichzäiteg eng Zeitung liesen? Botzen an iwwerdeems mat der beschter Frëndin telefonéieren? Iwwert dem Iessen och nach d'Spullmaschinn ausraumen? Maacht eng Saach no där aner a maacht se ganz bewosst. Wéi schmaacht mäin Iessen? Wat stoung genee am Artikel? Wat sot meng Frëndin grad? Wee villes matenee mécht, deem entgeet och villes...
Sech selwer net vergiessen
Nieft all den Aufgaben, déi eis am Alldag erwaarden, däerf ee sech selwer net vergiessen. Eng kleng, ganz perséinlech Paus brauch jiddereen tëschenduerch. Wéi ee sech am Beschten déi Zäit beschäftegt, hängt vu jidderengem selwer of. Energie erausloosse kann ee beim Sport. Energie tanken, kann ee bei enger Sieste. Sech oflenken, kann ee mat engem Buch oder engem Film. Méiglechkeete ginn et genuch...
Och emol "nee" soen
Natierlech hëlleft ee gär, wann ee gebraucht gëtt - et ass jo och e schéint Gefill. Mä mécht et wierklech Sënn enger aner Persoun ze hëllefen, wann ee sech doduerch selwer Stress mécht? Iwwerleet Iech wéi vill Gefalen Dir realiséiere kënnt, ouni datt et Iech ze vill gëtt an da musst Dir och emol - frëndlech awer bestëmmt - nee soen.
D'Zuel vu Frënn limitéieren
Frënn, déi stonnelaang iwwer sech an hir Problemer schwätze wëllen, fënnt een iwwerall - brauch een awer net wierklech. Si kaschten Iech just Zäit an heiansdo och Nerven, an näischt vu béidem huet een ze vill. Haalt keen ze enke Kontakt mat Leit, just well Dir mengt där Persoun dat schëlleg ze sinn. E wierkleche Frënd interesséiert sech och fir Iech.