Am Summer soll ee vill drénken - dat weess all Kand. Mä hëlleft e kalen Humpe genee esou gutt wéi eng Cola oder Waasser?

Kal, wootlech oder waarm?
Am Beschte si wootlecht Waasser oder Téi, si si gutt fir eise Kreeslaf - och wann et net onbedéngt dat ass, wat eis am Beschte schmaacht... Ween äiskalt Gedrénks zou sech hëlt, deem säi Kierper muss méi schaffe fir d'Flëssegkeet op Kierpertemperatur opzewiermen. A wann de Kierper muss schaffen, gëtt et eis nach méi waarm a mir kommen nach méi an d'Schweessen.

Wat drénken ech?
Op der éischter Plaz sti ganz kloer Waasser an Téi. Ma bei den Téie gëtt et och nach kleng Ënnerscheeder: Peffermënz, Melissen an Hibiskus killen eise Kierper. Salbei ka géint staarkt Schweessen hëllefen.
Wee besonnesch vill schweesst, Sportler zum Beispill, kann dann och beim Waasser oppassen. Ideal sinn hei Zorten déi mindestens 200mg Natrium a 50mg Magnesium pro Liter hunn. Esou gëtt de Verloscht vun de Mineralstoffer ausgeglach. Krunnewaasser ass do net esou gutt, ma dat kann een awer séier duerch salzegt Iessen oder einfach Salzbretzelen ersetzen.

Op wat soll ech verzichten?
Owes mat de Kollegen op der Terrasse drénkt ee gär e séisse Cocktail oder e Glas Rosé, ma dat ass guer net gutt am waarme Wieder. Alkohol belaascht eise Kreeslaf, mir musse méi dacks op d'Toilette an och der Mineralstoffverloscht geet an d'Luucht. Ween also Alkohol drénkt, soll onbedéngt tëschenduerch och Waasser drénken.
Ma och Kaffi a schwaarzen Téi soll een net a grousse Quantitéiten drénken. Koffein erhéicht de Bols a bréngt eis zum Schweessen.

RTL

Wéi vill muss ech drénken?
Een Erwuessene verléiert am Laf vun engem Dag bis zu 2 Liter Flëssegkeet - wann et deck waarm ass, souguer bis zu 3 Liter. Dëse Verloscht kann zu Konzentratiounsschwieregkeeten, Schwindel, Kappwéi a Verdauungsproblemer féieren. Fir dat auszegläichen, soll een also 2-3 Liter drénken, och wann ee keen Duuscht huet. Nieft dem Drénke selwer, bréngen awer och verschidden Uebst- a Geméis-Zorte wéi Kornischongen, Melounen oder Zalot vill Flëssegkeet an eise Kierper.

Wéini soll ech drénken?
Prinzipiell soll een ëmmer drénken, ier ee richteg Duuscht huet. Wee bannent kuerzer Zäit vill drénkt, hëlleft sengem Kierper awer och net, well eisen Daarm nëmmen ee Liter an der Stonn kann ophuelen. Dofir soll ee regelméisseg a kleng Quantitéiten drénken.

Eng kal Dusch?
Wee sech mat enger kaler Dusch wëll ofkillen, erreecht domat wahrscheinlech de Géigendeel. Eis Duerchbluddung gëtt aktivéiert an doduerch komme mir richteg an d'Schweessen. Wéi och beim Drénken, ass hei wootlecht Waasser am Beschten.