Wann d'Bei stierft, da stierft de Mënsch, dee Sproch gëtt och elo vun enger neier Etude confirméiert.

Wëssenschaftler vun Harvard ginn dovunner aus, datt eng Ausstierwen vun de Beien all Joer géif 1,4 Milliounen zousätzlech Doudesfäll mat sech bréngen, well manner Uebst, Geméis a Kären produzéiert géife ginn. Déi weltwäit Recolte vu Friichten géif ëm knapp 23% zeréckgoen. D'Geméis ëm 16%.