Bei waarmem Wieder si vill Mënsche méi domm

© AFP
Bis zu 10 IQ Punkte kann e Mënsch op engem waarmen Dag méi domm sinn, wéi hien normalerweis ass.
Bei waarmen Wieder muss de Kierper vill Energie notzen, fir de Kierper op der idealer Temperatur ze halen, respektiv fir en ze killen: Et gëtt ee besser Duerchblutt an de Schweess leeft d'Stir erof. Well och bei 40 Grad muss de Kierper kucken, déi normal 37 Grad Temperatur ze halen.
Grad bei Leit, déi op waarmen Deeg genau esou vill oder wéineg drénken, wéi normal, kann dat de Fall sinn. Vill Leit drénke schonn op normalen Deeg net genuch an esou notze si net dat ganzt Potential vun hirem Gehir. Sinn dann d'Temperaturen nach méi héich, da kënnt deen Effekt nach dobäi. Ob engem normalen Dag soll de Mënsch bis zu 2,5 Liter Waasser drénken, op waarmen Deeg nach bal 2 Liter méi.
Am Alter gëtt de Verloscht vun den IQ Punkten souguer nach méi schlëmm. Wann een dann dehydréiert ass, kann ee bis zu 40 IQ Punkte verléieren an et kënnt souguer vir, datt déi Leit richteg duerchernee sinn.
Och am Schied setzen hëlleft do net vill, well de Kierper do an en Zoustand vun der Erhuelung versat gëtt. Dowéinst denkt de Mënsch da manner an och net esou komplex, wéi normal.
Och d'Kleedung kann an dësem Fall eng Roll spillen. En Hiem, wat zougeknäppt ass, ass z.B. net unzeroden. Well bei héijen Temperaturen schwëllt den Hals un an dat zougeknäpptent Hiem verhënnert de gudde Bluttzoufloss, wouduerch och manner Sauerstoff an d'Gehir kënnt.
Dofir den Typ bei waarmen Wieder: méi relax Kleedung, wann et méiglech ass, an genuch drénken, fir datt ee seng voll Kapazitéit vun der Intelligenz och notze kann.