Doktere schwätzen net vun Heelung, ma vu Remissioun

Ee neien exzeptionelle Fall an der Medezin suergt weltwäit fir Interesse. A Frankräich, ass elo eng jonk HIV-Patientin zanter 12 Joer an der Remissioun.
Remissioun heescht, si hat den HI-Virus, deen awer ewéi duerch e Wonner komplett nogelooss huet.
Dës Nouvelle gouf e Méinden op der Weltaidskonferenz zu Vancouver bekannt.
Dokteren wëllen awer och no sou laanger Zäit net vun Heelung schwätzen.
Rieds geet vun engem Meedchen, wat mat HIV op d'Welt komm ass an deemno och zanter der Gebuert déi néideg Traitementer kritt huet. Wéi d'Kand 5 Joer al war, hunn d'Elteren op eegen Initiativ hinn decidéiert d'Kand net méi traitéieren ze loossen. Wou Dokteren et dunn annerhalleft Joer méi spéit ënnersicht hunn, hu si festgestallt, dass de Virus net méi aktiv ass. Mëttlerweil ass d'Meedchen 18 Joer al an lieft elo zanter 12 Joer ouni Therapie.