Pëll fir dono ouni Rezept an der Apdikt ze kréien

© ellaone.com
Ganzer 5 Deeg kann eng d'Fra d'EllaOne-Pëll nach no dem sexuellen Akt huelen, da wierkt se nach ëmmer.
EllaOne ass den Numm vun där Pëll, déi ee bis zu 120 Stonnen no engem sexuelle Kontakt kann huelen. Zanter Ufank Februar muss des Pëll, op Decisioun vun der Europäescher Kommissioun, och net méi verschriwwe ginn.
D'Carmen Michels huet sech méi genee iwwer dës Pëll an hir Wierkung informéiert.
Déi normal Pëll fir duerno kann an der Regel bis zu 72 Stonnen nom sexuellen Akt geholl ginn. Bei der EllaOne sinn et bis zu 5 Deeg. Mä net nëmmen den Zäitraum, an deem een Pëll kann huelen, ënnerscheet EllaOne, mä och d'Wierkung ass eng aner, esou den Dr. Robert Lemmer President vun der Société luxembourgeoise de gynécologie.
Déi aner Hormone waren u sech bal déi selwecht Hormonen wéi déi, déi an enger Pëll sinn. Duerch den héijen Dosage hu se dann och Nieweneffekter, wéi datt d'Regel duerchernee kënnt. Dat huet dës Pëll net, well se op en anere Mechanismus wierkt. Si bekämpft direkt d'Schwangerschaftshormoner.
Et ass wichteg ze präziséieren, dass dës Pëll also weder een Avortif, nach ee Contraceptif, mä een sougenannte Contragestatif ass. Si setzt also zwëschent dem Rapport an enger eventueller Schwangerschaft an. Dowéinst ass d'EllaOne och méi effektiv wéi déi gewéinlech Pëll du lendemain, Norlevo.
D'Entscheedung, d'EllaOne zanter Februar ouni Rezept ze verkafen, fënnt de Robert Lemmer eng gutt Iddi. Verschidde Leit verpassen de Moment oder genéiere sech, fir dohinner ze goen oder denke souguer nach, et géif net wierken. Dowéinst ass et gutt, datt se Dag an Nuecht an der Apdikt ouni Ordonnance ze kréien ass.
D'Pëll ouni Rezept ze verkafen, ass virun allem méiglech, well d'Pëll wéinst de geréngen Niewewierkungen ganz ouni Gefor kann ageholl ginn. De Präis vun der Pëll läit bei ongeféier 29 Euro, beim Planning Familial gëtt et se gratis.
Den Dr. Lemmer betount awer, dass d'Pëll op kee Fall eng Contraceptioun ersetzt. D'Anhuele vu sou enger Pëll soll en Ausnamefall bleiwen.