Jonk Lëtzebuergerin kämpft fir propper Mierer

Eng Lëtzebuergerin segelt iwwer d'Ozeaner vun dëser Welt, fir se vum Plastik ze befreien.
Haut des Daags brauch ee munchmol Helden, déi sech Méi ginn, dës Welt e bëssi besser ze maachen. D'Lynn Harles ass ee vun deene Mënschen. Di jonk Fra setzt sech fir eis Ëmwelt an. Mat hirem Start-up-Outdoor-Label „Heroes of nowhere“ segelt si duerch déi grouss Ozeaner vun dëser Welt, fir do de Plastik aus dem Mier erauszehuelen. Ongeféier 8 Milliounen Tonne Plastik landen all Joers an den Ozeaner. D'Zil vum Projet ass et, Outdoor Produite ze produzéieren, déi gréisstendeels aus recycléiertem Plastik hiergestallt ginn.
D'Iddi fir dëse Projet ass dem Lynn Harles während hirer Bacheloraarbecht komm. Si huet e Backpacker-Rucksak entwéckelt, deen och scho fir den Luxembourg Design Award an den German Design Award nominéiert ginn ass. Am Kader vu hirem aktuelle Projet segelt si mat engem Team vu Mieresforscher duerch déi verschidden Ozeaner a verfollegt zwee Ziler. Engersäits well si Outdoor-Produiten aus recycléiertem Plastik hierstellen. Donieft gëtt et nach e Recherche Projet, wou d'Lynn Harles aktiv bei der Recherche dobäi wëll sinn.
Den Interesse um Thema Mieresbiologe an dodrun, mat Fuerscher zesummenzeschaffen, huet dozou bäigedroen, dass dee ganze Kick-Stater-Projet entstan ass. De Rucksak ass weider entwéckelt ginn an dono konnt en aus recycléiertem Plastik hiergestallt ginn.
Fir also de Gebrauch vu Plastik z'evitéieren, ginn aner Materialien benotzt, wéi zum Beispill Holz. Eppes aneres ass der Lëtzebuerger Designerin awer och ganz wichteg. D'Produiten, déi op de Marché kommen, sollen net just en "Öko-Stempel" kréien, mä d'Lynn Harles wëll weisen, datt si sech aktiv dofir asetzt.
D'Lynn Harles hofft, dass Enn nächst Joer hir Produite kënne produzéiert ginn, an dass "Heroes of nowhere" wierklech eng Mark gëtt, déi fir dat Thema steet. Dëst Ziel hänkt awer ganz vun hirer Kick-Starter-Campagne of, well si soss hir Recherche, déi wichteg fir d'Hierstelle vun de Produiten ass, net weiderféiere kann.
Weider Informatiounen zu dësem Projet fannt der um Site www.heroesofnowhere.com oder op
https://www.kickstarter.com/projects/heroesofnowhere/heroes-of-nowhere