Fuerscher hu berechent, wéi vill Beem et op der Äerd ginn

© AFP
Iwwer 3 Billioune Beem misst et de amerikanesche Fuerscher vun New Haven aus dem US-Bundesstaat Connecticut op der Äerd ginn.
E bësse ware si iwwerrascht, datt si bei hiren Héichrechnungen op iwwer 3 Billiounen, ausgeschriwwen 3.040.000.000.000, Beem op der Äerd komm sinn. Unhand vun engem Computermodell hu si ausgerechent, wéi vill Beem et nach ongeféier op der Welt gëtt.
D'Zuel ass 8 Mol esou héich, wéi si sech et erwaart haten. Duerch dës nei Erkenntnis misst een elo méi detailléiert d'Klima op der Äerd berechne kënnen.
Wichteg war et awer fir d'Fuerscher, datt dëst eng reng Feststellung ass. Dëst ze wëssen huet kee positiven an och keen negativen Impakt op d'Klima op der Welt. "Et ass net esou, wéi wann elo Milliarden nei Beem dozou komm wieren" sou ee vun de Fuerscher. "Si ware jo schonn ëmmer do an hunn d'Klima och ëmmer beaflosst".
Si wëllen domadder kloer maachen, datt een elo net méi Kuelendioxid an d'Luucht ka blosen, well sech un der Situatioun op der Äerd näischt geännert huet, nëmmen doduerch, datt een d'Zuel vun de Beem elo ongeféier kennt.