Eng Grondschoul am US-Bundesstaat Wisconsin hat d'Flemm mat midde Kanner an huet eng Tabell mat den optimale Schlof-Zäite fir Kanner erausbruecht.

Vun der Gebuert un ass de Schlof vum Kand e Sujet, deen d'Eltere beschäftegt. Och wann ee sech un eng ongeféier Linn kann halen, gëtt et keng fest Regel, well all Kand eenzegaarteg ass an och säin eegene Rhythmus huet.

Viru ronn 2 Wochen hunn d'Enseignanten aus enger Grondschoul aus dem Wisconsin sech zesumme gedoen an eng Tabell zesumme gestallt, déi den Eltere soll hëllefen eng Riichtlinn fir d'Schlofzäite vun hire Kanner ze fannen. Kleng Kanner brauchen an der Moyenne jo méi Schlof wéi grousser oder Jugendlecher.

D'Tabell, déi d'Schoul op hirer Facebook-Säit gedeelt huet, huet sech am Nu verbreet a gëtt hëtzeg diskutéiert. An Tëschenzäit gouf se scho knapp 400.000 mol weider gedeelt an den Debat schéngt keen Enn ze kréien.