Ween hautdesdaags d'Gefill huet am falsche Kierper gebuer ze sinn, muss net méi onbedéngt mat dësem schwéiere Schicksal liewen.

Mat 18 Joer huet den Jamie Raines decidéiert, datt hien net méi als Fra wéilt liewen a mat enger Hormon-Therapie ugefaangen.

3 Joer laang huet hie Selfie vu sech gemaach an esou festgehalen, wéi hie sech optesch ëmmer méi zu engem jonke Mann verännert huet. Mat sengem 1400-Selfie-Video kritt den Jamie weltwäit Komplimenter fir säi Courage dëse wichtege Schratt gemaach ze hunn.

Dëse Video ass dann och den Teaser vun enger neier Doku-Serie mam Numm "Girls to Men", déi e Mëttwoch op der britescher Tëlee lancéiert ginn ass.