80 Prozent vun de Lëtzebuerger feelt et u Vitamin D

Dat ass d'Resultat vun enger Etude, déi vum „Luxembourg Institute of Health“ duerchgefouert gouf mat Donnéeën, déi tëscht 2007 an 2008 gesammelt goufen.
Wat bedeit een Manktem un Vitamin D? Ass dat schlëmm? An wat kann een dogéint maachen?
Vitamin D ass enorm wichteg fir d'Gesondheet en General an besonnesch fir d'Schanken. Auslännesch Etudë weisen, dass e niddrege Vitamin D-Spigel nieft Osteoporose, Infektiounen an verschiddene Kriibs-Erkrankungen och den Risiko fir kardiovaskulär an Auto-immun Krankheeten erhéicht. Verschidde Léit sinn awer besonnesch à Risque ze mann Vitamin D ze hunn, erklärt d'Fuerscherin Ala'a Alkerwi, Chef de Projet vun dëser Etude.
D'Lëtzebuerger sinn awer net déi eenzeg, déi dacks ze mann Vitamin D hunn. Eng rezent Etude bei eisen Noperen an der Belsch huet ähnlech Resultater gewisen. Lo wär et op alle Fall um Gesondheetsministère an aneren Autoritéite vun der Santé Publique fir offiziell Recommandatiounen erauszeginn an d'Lëtzebuerger op dësen hei zu Lëtzebuerg nach verkannte Problem ze sensibiliséieren.