Etude
Fraen hu Liewenserwaardung vun 72 Joer, Männer 68 Joer

Fraen op der ganzer Welt liewe méi laang a si méi gesond wéi fréier. Si sinn och méi onofhängeg an hunn an tëscht ee besseren Accès zu der Educatioun.
Dat ass d'Resultat vun engem UNO-Rapport. Fraen hunn deemno eng Liewenserwaardung vun 72 Joer, bei de Männer läit se an der Moyenne bei 68 Joer. 1995 woren et nach 8 Joer manner. Wa se bestuet ginn, si Fraen an der mat Moyenne 25 Joer méi al wéi fréier. Fir d'UNO ass dat eng Indikatioun dorobber, dass och Fraen méi laang studéieren. 50% vun de Frae gi schaffen, awer déi meescht verdénge vill manner wéi hir männlech Aarbechtskollegen.
Am meeschte gelies