Frankräich huet ee Gesetz adoptéiert fir dogéint virzegoen, datt Mannequine vill ze dënn sinn. E Certificat médical gëtt obligatoresch.

Dëst Attest vum Dokter soll beleeën, datt de Gesondheetszoustand vum Mannequin mat sengem Beruff kompatibel ass.

Donieft muss an Zukunft all retouchéiert Foto markéiert ginn. Wa sech net un d'Gesetz gehale gëtt, riskéiert ee 6 Méint Prisong an eng Strof vun 75.000 Euro.