Grand-Duc Henri packt et op d'Plaz 12

Hei zu Cabasson am Summer 2015 mat der Famill. / © 2015 Cour grand-ducale/David Nivière/tous droits réservés
En US-Magazin "Health Fitness Revolution" huet de Grand-Duc Henri ënner di 13 Staatscheffe gewielt, déi am meeschten a Form sinn.
De 60 Joer ale Groussherzog mécht regelméisseg Exercicer, fir sech a Form ze halen a huet e gesonde Liewensstil, schreift de Magazin:
- He is a career military man, undertaking his military officer training at the Royal Military Academy Sandhurt, England.
- Is a member of the International Olympic Committee, a member of The Mentor Foundation (established by the World Health Organization).
- He does regular fitness exercises and maintains a healthy lifestyle which aided him on his journey to recovery from certain genetic ailments.
- Made our 2014 List of Fittest Heads of State, Top 13 Fittest Heads of State 2015, Fittest European Royals, and Fittest European Heads of State
- Samir Becic: “Henri is a clear example of a fit royal who has been so his whole life, aiding him in fighting some health issues he has had to face in the past.”
Nieft dem Henri, fënnt een den Obama, de Putin oder den neien australesche Staatschef Justin Trudeau op der Lëscht erëm. Op déi éischt Plaz packt et den australesche Premier Malcolm Turnbull.

Hei déi komplett Lëscht
Malcolm Turnbull (61, Premierminister vun Australien)
Felipe VI (47, Spuenesche Kinnek)
Philippe (55, Belsche Kinnek)
Jigme Khesar Namgyel Wangchuck (35, Kinnek vum Bhutan)
Justin Trudeau (43, Premierminister vu Kanada)
Lee Hsien Loong (63, Premierminister vu Singapur)
Abdullah II (53, Jordanesche Kinnek)
Barack Obama (54, President vun den USA)
Benjamin Netanyahu (66, Premierminister vun Israel)
Recep Tayyip Erdoğan (61, President vun der Tierkei)
Vladimir Putin (63, President vu Russland)
Henri (60, Groussherzog vu Lëtzebuerg)
Enrique Peña Nieto (49, President vu Mexiko)
LINK: Déi komlett Lëscht "Top 13 Fittest Heads of State 2016"
Vun 2013 bis 2015 war eise Groussherzog nach op déi 7. Plaz vum Ranking.
Quasi eis ganz groussherzoglech Famill hat et iwwregens d'lescht Joer op der Lëscht vun den europäesche Royals gepackt. De Prënz Felix war do esouguer op d'Plaz 2, direkt nom Prënz Daniel vu Schweden.