En Donneschdeg, 4. Februar ass de Weltdag géint de Kriibs. Een Dag, deen dëst Joer ënnert dem Motto „Nous pouvons, Je peux“ steet.

Een Dag, wou et drëms geet, d'Zuel vun de Stierfäll duerch Kriibs, déi  kënnen evitéiert ginn, ze reduzéieren an d'Leit, fir dës Mesurë vu Gesondheet a Precautioun ze sensibiliséieren. Dat ass net vu Muttwëll: weltwäit stierwen all Joer 8,2 Millioune Leit wéinst engem Kriibs.

Hei am Land stellt Kriibs bei Männer déi heefegst Doudesursaach duer. Alles an allem sinn 1/3 vun allen Doudesfäll op Kriibs zréckzeféieren. 2014 ware knapp 1.200 Leit am Land wéinst Kriibs verscheet.

Sensibiliséierung fir op iwwerméissegen Alkohol a Gefëmms ze verzichten, den Depistage, de Programm Mammographie an den nationale Kriibs-Plang: vill gëtt gemeet. Et gëllt sech och individuell fir d'Thematik z'interesséieren, fir esou all Iwwerliewenschancen ze notzen.

All Informatiounen op cancer.lu.