An Neiséiland waart en Top-Job, mä kee wëll e maachen
De Chef vum Betrib Alan Kenny ass verzweiwelt. Zanter Méint sichen hien a seng Kollegen en Assistenzdokter, ma et fënnt sech kee Kandidat, fir déi Plaz.
240.000 Euro Paie am Joer, 3 Méint bezuelte Congé, dat klengt méi, wéi genial. Genau dat bitt eng Dokterpraxis am Norde vun Neiséiland dem neien Assistentsdokter. Aanecht, wéi op de meeschten Assistentsplazen, ginn et op dëser Plaz keng Nuetsschichten a keng Weekendschichten.
An awer fënnt sech kee Kandidat fir déi Plaz. Grond dofir ass, datt d'Praxis zu Tokoroa ass, eng Klengstad am Norde vun Neiséiland. Wéineg jonk Dokteren awer wëllen als Dokter um Land schaffen a sou ass et schwiereg, och fir esou eng gutt bezuelte Plaz ze besetzen.
Weider ass de Problem, datt den 61 Joer ale Alan Kenny net nëmmen en Assistent sicht, well si ze vill Aarbecht hunn, mä déi Persoun soll och an den nächste Joren d'Praxis iwwerhuelen, wann de Kenny an d'Pensioun geet. Ma sou lues gleeft den Dokter aus der Klengstad awer net méi drun, datt hien déi richteg Persoun dofir fënnt.