Reklamm fir Zigaretten demnächst ganz verbueden?

© AFP
Engem Plang vum däitsche Justizminister no kéint ee Reklamm fir Zigaretten, respektiv sexistesch Reklammen demnächst verbidden.
Grad an de Kinoen an op Plakater gesäit ee bei eisen däitschen Noperen nach ganz dacks Reklammen fir Zigaretten. De Justizminister wëll dëst elo verbidden a souguer d'Oppositioun steet hannert dem Projet. Net esou zefridden ass d'Federatioun vun den Hiersteller vun Zigaretten. Si sinn der Meenung, datt dëse Gesetzprojet géint d'Verfassung ass a wéilten hiert d'Recht och akloen. Zigarette wieren net illegal, dowéinst misst een och legal dofir Reklamm kënne maachen, heescht et vum DZV.
D'Zil vun de Gesetzgeber wier awer, fir de Kanner a Jugendlechen net d'Bild ze vermëttelen, datt Fëmmen en harmlose Spaass wier, heescht et vun der CSU. Bis 2020 wëll een et duerchzéien, woubäi d'Reklammen op verschiddene Plazen, wéi Bensinsstatiounen oder Geschäfter, déi Tubak verkafen, erlaabt bleiwe soll.
E weider Projet beschäftegt sech mat Reklammen, déi ee Geschlecht diskriminéieren. Mä hei kéint d'Diskussioun méi komplizéiert ginn, och wa sech vill Parteien eens sinn. Well et stellt sech ëmmer nees d'Fro, wou fänkt Sexismus un a wou hält en op, sou d'Kathrin Vogler, Deputéiert vun "Die Linke".