Bal all zéngte Mënsch weltwäit ass no Informatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun mat Depressiounen oder staarken Angschtzoustänn geplot.

D'Zuelen, déi d'WHO an enger Etude e Mëttwoch zu Genf publizéiert huet, sinn alarmant. D'Zuel vun de Betraffenen ass an de leschte Joerzéngten staark an d'Luucht gaangen.

D'UN-Organisatioun huet ausgerechent, dass déi psychesch Gesondheetsproblemer der Weltwirtschaft all Joer Käschten an Héicht vu ronn 900 Milliarden Euro provozéieren. Virun allem, well vill Leit feelen an doduerch d'Produktioun zeréck geet. Investitiounen fir deene Kranken ze hëllefen, hätten dofir net nëmme gesondheetlech, mä och däitlech economesch Virdeeler.