15 Stonnen huet d'Operatioun gedauert. Am Texas hu Chirurgen siamesesch Zwillinge getrennt.

D'Schwësteren haten 10 Méint a waren ënnert der Taille a mat verschiddenen Organer mateneen verbonnen. E Stéck vum Daarm an d'Blos hu missten rekonstruéiert ginn. D'Prognose fir d'Meedercher ass positiv, soen d'Dokteren. Allerdéngs misste se nach méi wéi ee mol operéiert ginn.