De beschte Mozzarella kënnt vum Discounter!

Enger Etude vum däitsche "Stiftung Warentest" no, géif de beschte Mozzarella aus Koumëllech aus den Discount-Geschäfter kommen.
16 ënnerschiddlech Produite goufe getest, dovu kruten der 5 d'Mentioun "ganz gutt". 9 mol gouf e "gutt" verdeelt, an ee Bio-Mozzarella huet et sou just nach op en "zefriddestellend" gepackt.
Nieft dem Mozzarella aus Koumëllech, goufen och 4 Kéisen aus der traditioneller Büffelmëllech ënner d'Lupp geholl. Hei gouf et allerdéngs just 2 mol "gutt" an 2 mol "zefriddestellend", well d'Tester eng héich Zuel un Daarmbakterie fonnt hunn. Dës héich Zuel kann duerch e Mangel un Hygiène bei der Produktioun vum Kéis virkommen.
Am Groussen a Ganze konnt een awer feststellen, datt d'Qualitéit vum Mozzarella sech verbessert hätt, sou d'Stiftung Warentest.