Puppelche kënnt no 4 Méint gesond op d'Welt

© AFP
D'Mamm war viru 4 Méint fir klinesch dout erkläert ginn, lo gouf de Puppelchen an der 32. Schwangerschaftswoch gesond per Cesarienne op d'Welt.
D'Gebuert wier ouni Komplikatiounen verlaf, dat hunn déi Responsabel vum Spidol zu Lissabon matgedeelt.
D'Mamm vum Puppelche war den 20. Februar no enger Bluddung am Gehir fir klinesch dout erkläert ginn. D'Decisioun de Puppelchen am Kierper vun der Mamm um Liewen ze halen, gouf zesumme mat der Famill geholl, nodeems no e puer Ënnersichunge feststoung dass de Fötus gesond wier.
Et ass bis ewell déi längste Kéier, dass en ongebuerent Kand am Kierper iwwerlieft huet, dee klinesch dout ass. Am Abrëll gouf et a Polen en ähnleche Virfall, do war de Puppelchen 55 Deeg am Kierper vu senger doudeger Mamm um Liewe gehal ginn.