Bieremamm sicht Schutz an der Géigend vum Mënsch

© AFP
An der Paarungszäit si männlech Biere méi aggressiv. Dowéinst siche Bieremamme mat hire Jongen an där Zäit Schutz virun hinnen an der Géigend vum Mënsch.
Jorelaang hunn d'Fuerscher aus Schweden d'Verhale vun de Bieren analyséiert. De Bier probéiert u sech fir dem Mënsch aus de Féiss ze goen. Ma eng Bieremamm geet an der Paarungszäit extra an d'Géigend vun de Mënschen, well si an hir kleng Biere sech do méi sécher spieren. Grond dofir ass, datt an deene Méint déi männlech Biere méi aggressiv reagéieren an d'Mamm hiren Nowuess doduerch schütze wëll.
Wann déi Méint awer eriwwer sinn an déi männlech Bieren nees net méi esou aggressiv sinn, geet d'Bieremamm nees op Distanz vum Mënsch.
Fir hir Etude hunn d'Fuerscher vun 2005 an 2012 26 Bieremamme verfollegt, dëst mat Hëllef vun engem System, fir se ze lokaliséieren. Den Nowuess vu 16 Mammen huet iwwerlieft, bei 10 war et net de Fall. D'Mammen, déi et gepackt hunn, hu sech an der Moyenne "nëmmen" 780 Meter vun enger mënschlecher Siidlung ewech opgehalen. Bei de Mammen, déi d'Kanner verluer hunn, waren et 1.210 Meter.