Den 112 geruff
Kand vun 2 Joer iwwer Telefon reaniméiert

© AFP
Well d'Elteren den 112 geruff hunn, konnte si hirem eegene Kand d'Liewe retten. Si hunn d'Kand mat Hëllef vun Instruktiounen iwwer Telefon reaniméiert.
De Papp vum 2 Joer ale Meedchen hat en Dënschdeg den Owend bei d'Pompjeeë vun Düsseldorf ugeruff. D'Kand hat héich Féiwer a wier während dem Owendiessen an d'Schwächt gefall.
Der Persoun op där anerer Säit vun der Leitung war séier kloer, dass d'Elteren net waarde kéinten, bis eng Ambulanz ukéim. D'Elteren kruten deemno Instruktiounen, wéi si hiert Kand kéinte reaniméieren, alles iwwer Telefon. Kuerz drop, huet d'Meedchen och nees selbstänneg geotemt a koum duerno an d'Spidol.
Am meeschte gelies