Nei Etude: Mënschen, déi ni drénken, stierwen éischter

© AFP
Et ass wuel eng gutt Noriicht fir all déi Leit, déi gär mol mat Frënn hire Patt drénken. Wie komplett op Alkohol verzicht, deet sengem Kierper kee Gefalen.
Amerikanesch Fuerscher hunn eng nei Etuden presentéiert: Wie komplett op Alkohol verzicht, lieft net onbedéngt méi gesond.
Natierlech schwätze mir hei net iwwer iwwerméissege Konsum, schliisslech ginn et genuch Fakten, dass Alkoholiker eng däitlech méi kleng Liewenserwaardung hunn. Ëmmerhin stierft weltwäit all 10 Sekonnen e Mënsch duerch déi direkt Suitten vu sengem Alkoholkonsum.
Wien allerdéngs decidéiert huet, d'Fangere komplett vun engem geleeëntleche Glas Wäin oder enger Fläsch Béier ze loossen, mécht sech kee Gefalen. D'Fuerscher vun der University of Texas hunn erausfonnt, dass et u sech fatal ass komplett op Alkohol ze verzichten.
Deemno stierwen déi Mënschen, déi keng Drëps Alkohol drénken méi fréi, wéi déi Leit, déi sech heiansdo hire Patt genehmegen. Iwwer 20 Joer hunn d'Wëssenschaftler d'Donnéeën vun insgesamt 1824 Participanten ausgewäert. an där Zäit sinn 41% vun de Leit gestuerwen, déi alt emol ee gedronk hunn, am Verglach zu 69%, déi ni e Glas ugepak hunn.
Dat war allerdéngs net déi eenzeg Iwwerraschung bei der Etude. Souguer bei Alkoholiker läit de Stierflechkeets-Taux mat 60% méi niddereg wéi bei dem Alkohol-Verweigerer. Dobäi spillen och aner gesondheetlech Facteuren keng Roll, zum Beispill wéi vill Sport ee mécht, wéi zefridden een a senge Liewen ass oder ob ee vill Suen huet.

© AFP
Eent ass op alle Fall sécher: Alkohol a Moossen schéngt d'Liewen ze verlängeren. E Grond konnten d'Fuerscher net ermëttelen. Eng Erklärung wier, dass Mënschen gär a Gesellschaft drénken an hiert Sozialliewen méi erfëllt ass.
Op déi liicht Schëller soll een d'Resultat awer lo net huelen, och net als Fräifaartsschäin fir den nächste Rausch. Recommandéiert sinn nämlech fir Männer net méi wéi 0,6 Liter Béier oder 0,3 Liter Wäin den Dag, bei de Fraen ass et d'Halschent.