Dat ergëtt eng nei Ëmfro aus Essen.

29 Prozent vun de Befrotene gi souguer un, sech nach ni mat Ëmweltschutz ausernee gesat ze hunn. Nëmmen 12 Prozent vun de Verbraucher benotzt ökologesch Botzmëttel. Et si souguer 38 Prozent der Meenung, et wär ze opwänneg beim Akafen, op den Ëmweltschutz Uecht ze ginn. Trotzdem denke 94 Prozent, dass Ëmweltschutz een direkten Impakt op d'Liewensqualitéit hätt.

68 Prozent vun de Leit fannen et schwiereg, Ëmweltschutz an hirem Alldag ze integréieren. Grond dofir kéint d'Bequemlechkeet sinn. De Marcus Gast vum Umweltbundesamt ass der Meenung, déi Däitsch wären nach amgaang ze leieren, wat den Ëmweltschutz ubelaangt. Et géif just fonctionnéieren, soulaang ökologescht Denken an Handele sech einfach an den Alldag integréiere léist. Een anere wichtegen Aspekt wier dat Finanziellt. Laut Marcus Gast géif de Verbraucher réischt ëmdenken, wann hien ee finanzielle Virdeel hätt.