Gedrénks, déi richteg Zockerbomme sinn

© Foodwatch
Foodwatch huet an Däitschland sougenannt "Erfrischungsgetränke" op de Gehalt vum Zocker getest a vill hu ganz schlecht ofgeschnidden.
Ganz Uewen op der Lëscht steet den Energydrink Rockstar Punched Energy + Guava. Ganzer 26 Stécker Zocker sinn an enger 500 Milliliter Douse dran. Am ganze goufe 463 Gedrénks getest a bei 274 Produite louch de Gehalt vum Zocker bei iwwer 5 Prozent, bei 171 Stéck war de Wäert esouguer nach vill méi héich. Fir et bildlech ze erklären: Sinn 8 Prozent Zocker an engem Gedrénks vun 250 Milliliter, entsprécht dat sechs an en halleft Stéck Zocker op déi Mass Gedrénks.
Foodwatch no wiere vun all de Geteste Produiten der just 55 ouni Zocker.

© Foodwatch
Foodwatch huet sech beim Wäert vu 5 Prozent un engem neie britesche Gesetz orientéiert. Vun 2018 un musse Produzenten e Supplément vun 21 Cent bezuelen, wann an hirem Gedrénks tëscht 5 an 8 Prozent Zocker ass. 28 Cent sinn et esouguer, wann et iwwer 8 Prozent sinn. Déi Sue sollen an de Gesondheetssystem investéiert ginn oder fir Präventiounsprogrammer genotzt ginn. Foodwatch, wéi och verschidden Däitsch Dokteren, fuerderen e ganzt ähnlecht Gesetz bei eisen däitschen Noperen.
Am meeschten Zocker an de Limonaden huet een ënner anerem bei Fanta, Mountain Dew, Afri-, Pepsi-, Fritz- a Coca-Cola, souwéi och Sinalco festgestallt.

© Foodwatch
Bei de Schorlen schneiden déi vu Capri-Sonne, Rewe, Fritz a Rewe-Bio am schlechsten of.

© Foodwatch
Bei deene mat am mannsten Zocker sinn och Produite vu Rewe-Bio, wéi och JA oder Bionade dobäi.

© Footdwatch
Ganz ouni Zocker kommen verschidden Téizorte vu Pfanner, souwéi Apollinaris a Bad Liebenwerda aus.

© Foodwatch