Et ass schonn ee Joer hir, dass den US-Amerikaner eng Gesichtstransplantatioun krut. Vun do aus un huet sech säi ganz Liewe geännert.

An enger Operatioun vun 12 Stonne krut de fréiere Pompjee d'Gesicht vum accidentéierten David Rodebaugh. Duerch een Aarbechtsaccident am Joer 2001 war den Hardison schwéier entstallt. Hien hat keng Oueren, keng Nues, keng Lëpsen, keng Hoer a keng Aendeckele méi. Alleng otmen an iessen war och net méi sou einfach wéi soss. Säi Liewen huet hie gehaasst, sou de Familljepapp.

Mä virun engem Joer huet sech dësen Zoustand radikal geännert. 12 Stonnen hunn 100 Doktere operéiert, bis se dem Mann en neit Gesiicht konnte schenken. Elo kann de Patrick Hardison nees an der Ëffentlechkeet spadséiere goen ouni domm ugekuckt ze ginn. Wat hien awer am meeschte frou mécht, ass seng nei Fähegkeet ze blënzelen. Déi nei Aendeckele verbessere seng Visioun enorm.

Iwwert dat lescht Joer ass den Hardison nach 4 Mol operéiert ginn, mä domadder ass et an Zukunft och gedoen. Da muss hie just nach ee Mol de Mount an d'Kontroll a regelméisseg seng Medikamenter, déi en Ofstousse vun den Organer ënnerbannen, huelen. Mä seng Liewensqualitéit huet sech staark verbessert, hie ka souguer nees an der Piscine schwammen.