Éischt Kand mat 3 Elteren op d'Welt komm

Eng éischte Kéier ass e Kand op d'Welt komm, dat 3 Elteren huet. Zu Mexiko ass de Puppelche scho viru 5 Méint gebuer ginn, wéi elo eréischt bekannt gouf.
D'Eltere si Jordanier an déi ëmstridde Behandlung vun engem amerikaneschen Dokter huet net dierfen an den USA gemaach gi mä a Mexiko, well et an den USA verbueden ass.
D'Kand huet biologesch zwou Mammen an ee Papp. D'Mamm vum klenge Bouf huet eng Krankheet an hire Genen, déi déidlech ass. Si selwer huet déi Krankheet net, mä zwee vun hire Kanner si schonn dorunner gestuerwen.
Elo gouf aus hirer Eezell just de gesonden Zellkär geholl an an eng Eezell – ouni Kär – vun enger Spenderin gesat. Dat „zesummegesatent“ Ee ass du mam Sperma vum Papp befrucht ginn.
Kritiker fäerten, datt domat de Wee fräi ass fir den „Designerbaby“. Aner Experte soen awer och, datt d'DNA vun enger 3. Persoun manner wéi ee Prozent vun de verännerte Gene vum Embryo ausmécht.