1 vun 3 Fraen a 1 vu 5 Männer iwwer 50 hei am Land betraff

© RTL Radio Lëtzebuerg/Tim Morizet
De Gesondheetsministère huet e Mëttwoch eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, fir op Osteoporos opmierksam ze maachen.
Mat enger Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt, kënnt och dacks Konsequenz, datt den Kierper net kann soulaang mathalen kann, wéi ee selwer gär hätt. Rieds geet vun Osteoporos, enger Krankheet, déi ëmmer méi dacks diagnostizéiert gëtt. An eise Regiounen sinn 1 vun 3 Fraen an 1 vun 5 Männer iwwer 50 vun Osteoporos betraff.
Eng stëll Erkrankung, wëll se sech ouni Symptomer entwéckelt an dofir och dacks eréischt no Joerzéngten bemol opfält, wann ee mat engem Broch bei den Dokter geet.
Osteoporos ass eng systemesch Erkrankung vum Skelett, präziséiert d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Doduerch dass d'Festegkeet vun de Schanken ofhëlt, klëmmt de Risiko vun engem Broch.
Betraff sinn hei virun allem Wirbelsail, d'Handgelenk oder och d'Hëft. Ma och aner Schanken déi séier briechen kënnen vun Osteoporos betraff sinn. D'Resultat sinn Knachen déi progressive méi fragil ginn, verbonne mat vill Péng, dem Verloscht vun der Autonomie an zu enger Invaliditéit féieren.
Déi nei Campagne vum Gesondheetsministère mam Slogan "Starke Knochen = Längeres Leben" soll iwwert déi genau Konsequenzen opklären, ma och weisen wéi een sech am beschte protegéieren kann.
D'Verzichten op Tubak, eng limitéiert Consomatioun vun Alkohol a vill Kalzium a Vitamin D favoriséieren eng gesond Knachenstruktur. De Gesondheetsministère leet de Leit och un d'Häerz sech testen ze loossen, en Test, deen net wéi deet an och vun der Krankekeess rembourséiert gëtt.
Weider Informatiounen fënnt een op sante.lu oder an den Campagne Bichelcher déi demnächst uechter d'Land verspreet sollen ginn.