Brexit ass Schold
Jamie Oliver muss 6 Restauranten zoumaachen

© AFP
De bekannten englesche Kach Jamie Oliver muss a Groussbritannien 6 Restaurante vu senger italienescher Chaîne "Jamie's Italien" zoumaachen.
De Grond dofir soll de Vote vum Brexit, den 23 Juni 2016, sinn. Zanterhier huet dat britescht Pond par rapport zum Euro u Wäert verluer an doduerch sinn d'Liewensmëttel, déi importéiert musse ginn, méi deier ginn.
D'Konsequenz dovunner ass d'Fermeture vu 6 Restauranten. Betraff sinn ënnert anerem e Restaurant zu Aberdeen a Schottland an e Restaurant direkt nieft der St Paul's Cathedral zu London.
Am meeschte gelies