RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Paulette Lenert

© Patrick Greis
D'Paulette Lenert ass nach ëmmer deen zweetbeléiftste Politiker aus dem Land.
Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt ee gewuer, dass si 3 Uleef gebraucht huet, fir de Führerschäin ze packen, dass si wärend der Uniszäit bei enger Swingerkoppel gewunnt huet, an och alt emol d'Lasagne mat Fëschfudder gewierzt huet.
Am 'Café des artistes' zielt d'Paulette Lenert vun engem Foussfetischist, deen et op si ofgesinn hat a vu engem Schwan, dee si rette wollt an domadder d'Vullegripp op Lëtzebuerg bruecht huet.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.