Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

D'Bün vum Maître Gaston Vogel ass normalerweis de Geriichtssall. Dës Woch léiere mer de bekannten Affekot awer vun enger komplett anerer Säit kennen. Beim Dan Spogen am Café des Artistes gëtt ee méi Privates gewuer. Op hien en Instrument spillt, wat en iwwer eis Politiker denkt a wéi ee säi léifste Sport ass.

Fir dass hien mat der Sprooch erausréckelt suergen d'Anne Kaiffer, de Mike Fandel, de Raoul Roos an de Patrick Kayser. Um Piano den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.