De Robert 'Gollo' Steffen, oder den Eric Clapton aus dem Éislek.

Mir héieren dës Woch, wéi hien u säi Spëtznumm koum, dass hien ni an Amerika war och wann hien driwwer séngt an dass hien e Schäin als Stroossemuseker hat. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, wéi hien un eng Roll am Superjhemp koum, firwat hien all seng englesch Texter op lëtzebuergesch iwwersat huet, dass hien e Motosführerschäin hat awer ni e Motto, an dass hien duerch Problemer un enger Strooss an d'lokal Politik gerëtscht war.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.