Fondatioun Kriibskrank Kanner
3 Schülerinne aus der 2GCG vum LCE spende 500€

Am Kader vun engem Schoulprojet hunn dräi Schülerinne vun der 2GCG aus dem Lycée Classique vun Iechternach de Grupp “Mëllerdallsprojet LCE” gegrënnt.
Beim "Mäerchentour am Mëllerdall” konnte si am Abrëll 2018, an Zesummenaarbecht mam Touristcenter "Heringer Millen", e Benefice vu 500€ erwirtschaften. D’Schülerinne Xiomara Luca, Gwendy Zeimetz a Sandy Coelho ware stolz dëst Geld der "Fondatioun Kriibskrank Kanner " den 11. Mee 2018 am LCE iwwerreechen ze kënnen.
Am meeschte gelies