D'Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe hu fir d'Kriibsfuerschung gesammelt

© Fondation Cancer
Am Kader vun der traditioneller Vëlosheemrees huet d'Amicale vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe (AELK) Sue fir d'Kriibsfuerschung gesammelt.
Iwwer 2.200 € si bei der Editioun 2025 zesummekomm.
Den Detail fannt Dir am Schreiwes vun der AELK:
Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe (AELK)
2.210 € fir d’Fondation Cancer
Zanter 1986 organiséiert d’Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe (AELK) all Joer hir traditionell Vëlosheemrees. Vun Karlsruhe bis op Lëtzebuerg, an dat an engem Dag: Dat ass d’Zil vun dëser Aktioun, déi dëst Joer scho fir d’39. Mol organiséiert gouf.
Säit e puer Joer steet bei dëser sportlecher Erausfuerderung net méi just den Éiergäiz am Mëttelpunkt, mee och d’Solidaritéit: All zeréckgeluechte Kilometer gëtt iwwer Parrainage a Spenden an eng konkret Ënnerstëtzung ëmgewandelt – dëst Joer fir d’Fondation Cancer. D’Cycliste goufen dobäi vun engem Parrain oder enger Marraine ënnerstëtzt, déi sech bereet erkläert hunn, pro Kilometer eng fräi wielbar Zomm ze spenden.
D’Cycliste sinn ëm 5:30 Auer zu Karlsruhe gestart – no méi wéi 12 Stonnen um Vëlo ass d’Ekipp bei der Fondation Cancer ukomm, wou se mat vill Häerzlechkeet empfaange goufen. An enger flotter Atmosphär konnt sech jidderee erëm erhuelen, austauschen an zesumme feieren.
„Wat 1986 als sportlech Erausfuerderung ugefaangen huet, ass mat der Zäit zu engem Mix aus sportlechem Challenge a sozialem Engagement ginn. All Joer fuere mir vu Karlsruhe op Lëtzebuerg, a jidderee kann eis mat enger Spend pro Kilometer ënnerstëtzen. Dëst Joer hate mir d’Freed, d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.“ – seet de Pol Bissener, Sportsdelegéierte vun der AELK.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegte wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot fir den Engagement. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weiderzeféieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.