Mënsbech
Schoulfest-Erléis fir Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'lescht Woch hat d'Schoul "An der Dällt" op hiert Schoulfest 2018 zu Mënsbech invitéiert.
Den Erléis vum Schoulfest gouf der Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent, nodeems d'Schoul scho vill Suen am Kader vum Adventsmaart am Dezember 2017 fir déi selwecht Stëftung gesammelt hat.
D'Fondatioun, déi och mat engem Stand um Schoulfest present war, huet all de Schüler, den Elteren an dem Léierpersonal e grousse Merci ausgedréckt a weider Informatiounen iwwert déi sozial, pedagogesch an therapeutesch Aarbecht am Alldag vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ginn.
Am meeschte gelies