D'Wëltzer Theaterfrënn haten den 15.September 2018 e ganz flotten Informatiounsaustausch mat zwee Delegéierten vun der Fondatioun fir Kriibskrank Kanner.

An deem Kader gouf et eng Scheckiwwerreechung vun 1000 Euro aus de Recetten vun den erfollegräichen Theateropféierungen.

Mir kruten een Abléck an hir villsäiteg Aktivitéiten zum Wuel vum Kand a senger Famill. Am Moment setze si sech mat hirer Aarbecht fir d'Recherche vum Gehirtumor beim Kand an, an d‘Auswierkung vun de Pestiziden op d'Entstehung vum Kriibs.

D'Wëltzer Theaterfrënn sinn een iwwerregionale Veräin, deen 2014 gegrënnt gouf. D'Membere kommen net nëmmen aus der Wëltzer Gemeng, mä Memberen, déi aus dem ganze Land op Wolz komme fir Theater ze spillen.

Dëst Joer spillen mir eng lëtzebuergesch Première: "Een turbulenten Wellegank op der Cornichonsyacht" vum Andreas Wenig, iwwersat an arrangéiert fir d‘Wëltzer Theaterfrënn vum Tina Weber.

Mir spillen den Freiden den 09.11.2018, Samschden den 10.11.2018 an Freiden den 16.11.2018 an der Grondschoul Reenert 11, Avenue Nicolas Kreins zu Wooltz.

Keess ass em 19:00 Riddo em 20:00.

Reservatiounen kënne gemaach ginn um GSM: 621 786 695 (15:00-19:00) oder per Mail: weeltzer.theaterfrenn@gmail.com