Den Dr. Mario Dicato huet an e puer Wieder de Leit ze verstoe ginn, wéi wichteg et ass den Télévie - also Kriibsfuerschung - ze ënnerstëtzen.

De Guedber Mandolinneveräin "La Lyre" huet e Samschdeg an e Sonndeg an der Kierch zu Guedber e Chrëschtconcert zu Gonschte vum Télévie gespillt.

De President vum Organisatiounscomité vum Centre de Promesses Jonglënster, den Här Romain Buschmann, huet d'Leit gebieden, si als Zenter 2019 ze ënnerstëtzen, a säin Opruff war - hëlleft ons hëllefen - do wou hëllefe Spaass mécht. De ganzen Erléis vun dësen 2 Deeg, 1.800 Euro, ass un den Télévie gespent ginn.