Viru kuerzem hat den FC Red Star Märel-Belair hir Generalversammlung an hirem gutt besichte Lokal ofgehalen.

Wéi de President Guy Lamesch fäerdeg war mat der Assemblée huet hien der Fondatioun Kriibskrank Kanner, respektiv dem Benevole Romain Henrion, konnten e Scheck an Héicht vun 1000 Euro iwwerreechen. Déi Sue koume bäi engem Fussballturnéier duerch eng Tombola eran.

D'Fondatioun Kriibskrank Kanner seet Merci fir dësen nobele Gest.