Wonschkutsch asbl
Bewunner aus der "Residence des Ardennes" spenden 2.130 Euro

D'Bewunner aus der Residence des Ardennes vu Klierf hunn der Wonschkutsch asbl, vertrueden duerch hir Sekretärin Patrice Rickal an 3 Kutscher, e Scheck vun 2.130 Euro iwwerreecht.
D'Sue koume vun der Braderie, wou Zockerwäffelcher a Gebeess verkaf gi sinn.
D'Wonschkutsch huet an enger klenger Presentatioun de Verwendungszweck erkläert a sech häerzlech bedankt bei de Bewunner.

Am meeschte gelies